|
Mir wënschen iech all eng gudd Vokanz !
De Méinden 23. August geet den Laaftraining rëm un. RDV as um 18h55 bei der Hal zu Jonglënster. Jiddereen dee matmaache wëll ass wëllkomm. Daat selwescht gëllt fir dono all Méinden, Mëttwoch a Freiden am August.
Den éischten Seniorstraining an der Haal ass de Mëttwoch 1. September ab 19h30. Dono ass den Seniorstraining rem all Mëttwoch a Freiden zu den gewinnten Zäiten.
De Weekend vum 3.-5. September ass een internationale Stage bei eis an der Hal mat enger hollännescher Équipe fir d’Jugend a fir d’Senioren. Dëst ass eng flott Geleeënheet fir mat anere Badmintonspiller ze trainéieren an d’Saison virzebereeden. Dir braucht Iech net unzemellen a kennt einfach laanscht kommen. D'Horairen sin : Samsdes den 4. September, 9.30h-12.00h an 13.30h-16.30h Sondes den 5. September, 9.30h-12.00h an 13.30h-15.30h
De Jugendtraining fänkt rem d’Woch vum 13. September un. Hei nach eng Keier Trainingszäiten vun Mëttwochs a Freides : Jugend Ufänger 17.15h – 18.30h
Jugend Equipe 18.30h – 20.00h Senior 19.30h – 21.30h Hobby 19.30h – 22.00h
De Sonden 12. September kennt Dir iech schon mol réservéiren. Do maachen mir ee Velostour mat engem gemittleche Barbecue.
|